"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Eigentlech heescht en Thomas Faber, mä als Rapper huet e sech fir den Numm "MAZ" decidéiert, déi zweet Silb vu sengem Virnumm. An dat weist och, wat de MAZ a sengen Texter intresséiert: Gefiller, Gedanken, ganz perséinlech ass säin éischten Album ginn. 2017 hat de MAZ de Screaming Fields-Contest gewonnen an huet no der Première decidéiert elo emol de Wee an dësem Musek-Genre weiderzegoen. Beim Jenny Fischbach schwätzt a rappt de MAZ.

Ausserdeem huet d'Danièle Michels de Film "Tel Aviv an Fire" gesinn an d'Sarah Rock war mat den Amis du Musée eng intressant Expo kucken.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.