"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

"Autopsy" heescht e Stéck fir eng Fra, mat deem d'Michèle Turpel den Ament op Tournee am Land ass. Geschriwwe gouf et vun hirem Mann Jemp Schuster. Wéi wuel se sech an hirem Käfeg op der Bühn fillt, erzielt se beim Jenny Fischbach.

Ausserdeem kläert de Loïc Tanson eis mat der Serie "Sex Education" op an d'Patty Baum huet sech mat de Museker vu Say Yes Dog ënnerhalen. Hiert Lidd "A Friend" ass ëmmer am Ufank vun der Emissioun "No Art o Air" ze héieren.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.