"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

D'Catherine Elsen ass eng Performance-Kënschtlerin, déi sech haaptsächlech duerch d'Stëmm an d'Beweegung ausdréckt, tëscht Gesank a Schauspillerei an Danz. Den Ament ass si mat der One-Woman-Show "Love, death and polar bears" op der Bühn ze gesinn. Beim Jenny Fischbach huet si vun hire ville Passiounen erzielt.

Ausserdeem hunn d'Patricia Baum iwwer déi nei Kollektivexpo "Al Esch" an d'Claudia Kollwelter iwwer de Film "Styx" geschwat.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.