"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

De Marc Limpach ass en engagéierten Auteur an international bekannte Schauspiller, dee viru Kuerzem déi 2. Staffel vun der erfollegräicher Serie "Bad Banks" ofgedréit huet an dee sech seng nächst Rolle ganz geziilt auswielt. Beim Loïc Tanson erzielt hien dovunner, awer och vum Kasemattentheater, bei deem hie sech ëm d'Programmatioun këmmert.

Ausserdeem huet d'Danièle Michels déi franséisch Televisiouns Serie "Dix Pour Cent" virgestallt, an de Pierre Jans hat de charismateschen a strenge Literatur-Kritiker Denis Scheck virum Mikro.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.