"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

D'Tania Brugnoni ass Direktesch vum 1535 zu Déifferdeng. An dësem Creative Hub hunn eng etlech kleng Entreprisen an Initiativen eng Plaz fonnt fir ze schaffen. Eng 500 Leit sinn do aktiv um Site an déi mussen och geréiert ginn. Doriwwer huet d'Tania Brugnoni beim Jenny Fischbach geschwat.

Ausserdeem huet d'Sarah Rock eng nei Galerie zu Tréier "Netzwerk" virgestallt an d'Christiane Kremer huet schonn no vir op de Salon "Révélations" am Grand Palais zu Paräis gekuckt, wou d'Lëtzebuerger Konschthandwierk am Mëttelpunkt steet.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.