"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Den Iechternacher Festival kritt en neie Look an en neien Numm: "Echterlive". Den Jazz-Saxophonist Maxime Bender ass de Coordinateur a stellt den Owend dat neit Konzept beim Jenny Fischbach vir.

Ausserdeem schwätzt d'Danièle Michels iwwer déi nei Projete vun der Musekerin Patty Smith an de Loïc Tanson stellt d'Netflix-Serie "Midhunter" vir an där et ëm Serie-Mäerder aus den 1970er Joere geet.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.