"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Fréier war et e Klouschter, dono e Prisong an zënter 2004 ass et e Centre de rencontre culturel, eng Plaz wou Kultur a Kulture sech begéinen. Zënter 5 Joer ass d'Ainhoa Achutegui d'Direktesch vun dësem wonnerschéine Site um Fouss vun der Alstad. Wat alles an der Abtei Neimënster geschitt ass a gebuede gëtt verzielt si den Owend beim Jenny Fischbach, do wou och de Pol Belardi iwwer den Jazz schwätzt, deen hei eng wichteg Plaz huet.

Ausserdeem stellt d'Sarah Rock zwee Bicher vir, dorënner de Servais-Präiss, an d'Annick Goerens klëmmt mat eis an de Projet "Slow Teleport".

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.