"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Déi Fra kann engem Geschichten erzielen! D'Betsy Dentzer ass eng vun de wéinegen hei am Land, déi domadder d'Kanner an déi Erwuesse begeeschtere kann. Zënter bal 10 Joer steet se schonn esou op ville Bühnen a beréiert mat hire Geschichten.

Beim Jenny Fischbach huet se iwwer sech selwer erzielt.

Ausserdeem huet d'Patricia Baum sech d'Ausstellung iwwer den Dominique Lang ugekuckt an de Claude Neu d'Serie "Unbelievable".

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air