Wéi d’Beien Hunneg maachen a wat se zu Lëtzebuerg géint d’Varrao-Milb ënnerhuelen.

Bio-Hunneg. Dat ass e schwierege Begrëff. Beie kann een nämlech net honnertprozenteg kontrolléieren. Fir richtege Bio-Hunneg ze kréien, misst de Beienziichter theoretesch dofir suergen, dass seng Beien nëmmen op Planze fléien, déi net mat Pestizide behandelt gi sinn. Natierlech kann dat awer kee Beienziichter honnertprozenteg garantéieren.

Dowéinst sinn d’Virschrëfte bei Bio-Hunneg virun allem drop ausgeriicht, wéi de Beienziichter seng Beien hält, dat heescht: erlaabt si just natierlech Mëttel géint Beiekrankheeten, wéi Oxal- a Seejomesesaier. Fir de Bio-Hunneg bedeit dat: Sécher keen Asaz an domat och keng Réckstä vu chemesche Beie-Medikamenter, wéi zum Beispill Perizin, Apistan, Bayvarol a sou weider. Sécher keng Polle vu gentechnesch verännerte Planzen, manner Réckstä vu Pestiziden a vill verschidden Inhaltsstoffer.

Bio-imkerei heescht och aartgerecht Haltung vun de Beien, an dat heescht zum Beispill och, datt der Kinnigin hir Flilleken net gestutzt däerfe ginn, esou däerf se jidderzäit erausschwärmen. Bio-Beien däerfen net a Këschten aus Plastik oder Styropor gehale ginn. D’Këschten däerfe just aus Holz bestoen, dat mat Läinueleg oder onbedenkleche Lasuren ugestrach ass. Wann d’Beien am Hierscht musse gefiddert ginn, da muss et Biozocker sinn. De Beiewues muss zu 100% fräi vu chemesche Réckstänn sinn.

Ween also Bio-Hunneg keeft, ënnerstëtzt indirekt och d’Bio-Landwirtschaft. Och wann d’Beien direkt niewent biologeschen Aker liewen, kann de Beienziichter net beaflossen, op wéi eng Planze si fléien. Beie kënne bis zu fënnef Kilometer wäit fléien.

Fir awer dat beschte Resultat ze kréien, sollten d’Beiestäck dowéinst esou opgestallt ginn, dass am Ëmkrees vun dräi Kilometer Bësch ass oder den Nektar an de Polle gréisstendeels aus biologeschem Ubau oder aus wëlle Planze bestinn. Vill Beienziichter probéiere méiglechst wäit vun Akerland a landwirtschaftlech méi problematesche Kulturen, wéi Raps, ewech ze bleiwen.