An dëser Editioun vum Pisa gouf et op déi héchste Wandrieder geklommen an et goung mat engem selwergebaute Pedalo iwwer d’Musel.

ÖKO-LOGESCH!? (um 18.30 Auer)

Wéi eisen Alldag sech an Zukunft kéint veränneren a méi ökologesch ginn.

Ëmmer méi grouss Wandrieder produzéieren ëmmer méi Stroum. De Marché vun den Elektrovëloen boomt. Bei automatesche Lëftungsanlagen ass séier eppes falsch ugeschloss. A geschwënn wäerte mer eis Wäschmaschinn net méi kafen, mä nach just léinen. An dësem Pisa weise mir wéi eisen Alldag méi ökologesch ka ginn. Kucken wéini en Elektrovëlo eng seriéis Alternative fir den Auto ass. Op wat ee bei der Installatioun an dem Gebrauch vu Lëftungsanlagen oppasse muss. A mir klammen op déi héchste Wandrieder erop.

VIDEO: PISA – ÖKO-LOGESCH?!
Wéi eisen Alldag sech an Zukunft kéint veränneren a méi ökologesch ginn.

PEDALO CHALLENGE (um 19 Auer)

Mam selwergebaute Pedalo iwwer d’Musel.

Wéi all Summer stelle sech den Olivier Catani a Mister Science och dëst Joer erëm engem Challenge. Dëst Joer wëlle si mat engem selwergebaute Pedalo iwwer d’Musel fueren. 36 Kilometer. An engem Dag. Mat zwou Schleisen. A ganz no laanscht déi grouss Frachtschëffer. Si moossen och wéi propper oder knaschteg d’Musel ass. Wat alles muss gemaach ginn, datt d’Waasser fir d’Schëffer ëmmer déif genuch ass. Wéini d’Musel fir d’lescht ganz zougefruer war. A wéi e risege Bagger de Muselsand aus dem Buedem hëlt.

VIDEO: PISA - PEDALO CHALLENGE
Mam selwer gebaute Pedalo iwwer d’Musel