An dëser Editioun vum Pisa geet et ëm déi digital Revolutioun och d'Aart a Weis wéi mir baue wäert veränneren.

Chantier 3.0

Wéi déi digital Revolutioun och d’Aart a Weis wéi mir baue verännere wäert

Et ass am Juli. Matten an der Nuecht. Op der Rouder Bréck. Zwee Mataarbechter vun engem Ingenieur-Büro kontrolléieren op d’Attachen, wou d’Tram-Schinnen drop kommen, riicht fest geschrauft goufen. Si maachen dat op de Milimeter genee. Mat engem Laser-Scanner. Am Pisa "Chantier 3.0" weise mer wéi dat funktionéiert a wéi ee mat sou engem Scanner an Null Komma Nix ganz Gebaier vu bannen a baussen opmoosse kann. Mat enger Drone kann een och ganz Lotissementer einfach vermoossen. Mir erklären wat un dëser Technik speziell ass. Gesi wéi Bauaarbechter op engem virtuelle Chantier op potentiell Geforen opmierksam gemaach ginn a froen no wéi realistesch et ass, datt eis Haiser an Zukunft aus engem 3D-Printer kommen.