Wéi d’Digitaliséierung och an der Therapie, Chirurgie, Fuerschung an dem Rettungswiesen ëmmer méi wichteg gëtt.
Et ginn haut ëmmer méi performant Roboter an aner technesch Hëllefsmëttel déi dem Chirurg am OP ënnert d’Äerm gräifen. Mir weisen un enger Récken-, Knéi-, a Broschtoperatioun wéi déi modern Techniken d’Aarbecht am OP verännert hunn.
De Mister Science mécht bei enger Parkinson-Étude mat wou e Roboter d’Wierkung vu Medikamenter test. Mir léieren e Schüler kennen deen eng intelligent Schongsuel entwéckelt huet mat där Patienten no enger OP erëm méi séier op d’Been komme kënnen. An trainéieren mat der neier Rettungspopp vun der Air Rescue, déi sech bal wéi e richtege Patient verhält.