Firwat den Naturproduit an ëmmer méi Beräicher staark gefrot ass

Grad lo am Wanter gëtt an de Bëscher vill geschafft. Am Pisa weise mer wat mam Holz geschitt. Eng Firma zu Féiz frääst e speziellt Muster a Brieder a baut doraus Haiser déi méi stabil solle sinn wéi Beton. Um Rouscht steet déi eenzeg Pellet-Fabrick am Land. Wéi vill Energie muss een do dra stiechen a wéi vill kritt een der eraus. Mir besichen eng vun de gréissten Holzheizungen am Land. An de Mister baut eng 10 Meter breet Bréck aus Holz, ouni Pech a Schrauwen.

Wonnermaterial Holz

Wéi Holz d’Mënschheet zanter Joerdausenden beräichert a wat haut alles mat Holz gemaach gëtt

E Bësch am Heizungskessel

Wéi Pellets produzéiert ginn, wéi Energie ee muss dra stiechen a wéi vill een der erauskritt

Wunnen am LEKO Haus

Wéi eng lëtzebuergesch Firma de Bau vun Holzhaiser revolutionéiere wëll

Gewootent Experiment

De Mister Science wëll eng hëlze Bréck iwwert e Floss bauen, ouni Pech a Schrauwen

Fotogallerie