Weltall-Missiounen aus de leschte 50 Joer a wéi eng Roll Lëtzebuerg bei neien Expeditioune spillt.

E klenge Roboter soll um Mound no Waasser sichen. Programméiert gëtt en zu Hollerech. Mir krute gewisen, wéi se dat maachen, kucken awer och zréck, op déi grouss Momenter aus 50 Joer Weltraum-Geschicht a wat aktuell alles ronderëm d’Äerd flitt.

Wat hu mer vun deene Missiounen? Mir waren zu Darmstadt am Kontrollzentrum vun der ESA. An de Mister Science wëll erausfannen op een en Asteroid deen op d’Äerd ënnerwee ass, mat enger geziilter Sprengung deviéiere kann.

Faszinatioun Raumfahrt

Mir kucke mat engem Astronaut zréck op 50 Joer Raumfahrt.

Lëtzebuerg flitt op de Mound

E Roboter mat enger Software vun Hollerech a Moosstechnik vum Belval soll um Mound no Waasser sichen.

Ëmmer méi wäit an ëmmer méi déif

Aus dem ESA Kontrollzentrum kucke mer op akutell an zukünfteg Missiounen an d’Gefor duerch Weltraumschrott.

Eng Atombomm soll d’Welt retten

De Mister Science wëll erausfannen op een en Asteroid mat enger geziilter Sprengung déviéiere kann.

Fotogalerie