Den Olivier Catani a Mister Science kréien en Abléck an d’Liewe virun 8.000 Joer.

Et ass eng Zäit iwwert déi mer net vill wëssen. D’Liewe viru dausende vu Joeren. An der Steenzäit. Dat meescht wat mer wëssen, hu mer duerch Saachen déi Archeologe fonnt hunn. A vill dovun ass aus Steen. Duerfir och den Numm: Steenzäit. Den Olivier Catani a Mister Science loossen en Deel vun där Vergaangenheet zum Liewen erwechen. Si joen, kachen a kleeden sech wéi virun 8.000 Joer. A maachen sech op d’Spuere vum Loschbour-Mann. Dem eelste bal komplette Skelett vun engem Mënsch, dee jee zu Lëtzebuerg fonnt ginn ass.