Firwat mir sou vill wäert op eis Hoer leeën a wat se iwwert eise Liewensstil kënne verroden.

Mir weisen wéi d’Frisuren sech am Laf vum leschte Joerhonnert verännert hunn. Firwat just Männer eng Glatz kënne kréien. A wat een dogéint maache kann? Hoer mat Deeg wäschen! Dat geet wierklech. Mir erkläre firwat. Wéi fënnt ee Spueren vun Alkohol, Drogen a Gëfter am Hoer. A sinn Hoer wierklech esou staark, dass ee sech wéi beim Rabonzel kann dorun en Tuerm erop zéien.

Zäitrees beim Coiffer

Wéi d’Coiffuren sech am leschte Joerhonnert verännert hunn.

Hoereg Fakten

Firwat mir eise Pelz verluer hunn, just Männer eng Glatz kréien an een d’Hoer am Intimberäich net ewech maache soll, oder?

Hoer mat Deeg wäschen

Mir hu getest op ee seng Hoer wierklech mat Deeg wäsche kann.

Hoer léien net

Wéi ee ee Spueren vun Alkohol, Drogen a Gëfter am Hoer fanne kann.

Rabonzel Rabonzel, looss Deng Hoer erof

De Mister Science wëll erausfannen op ee wierklech un enger laanger Trëtz kann en Tuerm erop klammen.

De Mister Science wëll un enger Trëtz en Tuerm erop klammen. (Erratum: En Nylon ass 3-5 mol méi stabil wéi en Hoer vun der selwechter Déckt.)

Fotogalerie