Mir lëfte puer Geheimnisser vum séisse Genossmëttel

Am Pisa starte mir eng kleng Rakéit. Ugedriwwe vu just puer Gramm Zocker. Mir weise wéi vill Energie am Zocker stécht. Dat klengt Sophia muss säin Zocker ganz gutt am A behalen. Hatt huet Diabetis Typ 1 a seng Famill geréiert säi Bluttzocker iwwer de Smartphone. 100 Joer no der Entdeckung vum Insulin weise mer awer och wéi Diabetiker sech fréier mat décken Nolen a schwéieren Insulin-Pompele behandelt hunn.

E Stéck Rommel am Kaffi

Wéi se aus Rommelen, Zocker maachen a wéi den Zocker an Europa koum.

Sensibelen Ekliber

Vun décken Nole bei smart Pompelen – Wéi Diabetiker hire Bluttzocker mat ëmmer méi modernen Apparater steieren.

Verstoppten Zocker?

Wa méi Zocker dran ass, wéi ee mengt.

Dem Mister Science seng Zocker-Rakéit

Mir starten eng Rakéit mat Zocker-Sprit a lëfte puer Geheimnisser vun de séisse Kären.

Fotogalerie