Mysteriéis Gasblosen an der Sauer. En Naturspektakel an der Äifel. An e Weltrekordversuch am Minett.
Mir maachen eng Rees an de Bauch vun eiser Äerd. Hei entsteet e Gas dat d’Sauer bei Rouspert un d’Spruddele bréngt. Dee selwechte Gas léist an der Äifel dee gréisste Kalwaasser-Geysir ausbriechen. De Mister Science wëll dee gréisste kënschtleche Geysir bauen. Mir kucken wat e Vulkanausbroch an der Äifel géif fir Lëtzebuerg bedeiten. Op och bei eis e Vulkan kéint ausbriechen. A wéi se zu Diddeleng e ganze Quartier mat der Wäermt aus dem Buedem hëtze wëllen.
Kleng Blosen, grouss Wierkung
Wéi CO2 Blosen an der Äifel dee gréisste Kalwaasser-Geysir ausbrieche loossen a firwat dat och un der Sauer kéint klappen.
Weltrekordversuch
De Mister Science wëll dee gréisste kënschtleche Geysir bauen.
E Vulkan zu Lëtzebuerg?
Wat e Vulkanausbroch an der Äifel géif fir Lëtzebuerg bedeiten an och bei eis ee kéint ausbriechen.
Heizung am Buedem
Wéi funktionéiert Geothermie a wéi kann een domat ganz Quartieren hëtzen.