Eng riseg Streesalzmine a Frankräich, Spuere dovun zu Munneref an wat Kachsalz besonnesch mécht.

160 Meter ënnert dem Buedem. Am Pisa huele mer Iech mat an déi leschte Streesalzmine a ganz Frankräich. 300 Kilometer Galerien a se gi mat all Dag méi déif an de Buedem eran. Mir weise wéi si d’Salz mat risege Maschinnen aus dem Buedem huelen. A firwat een dat Streesalz och bei eis am Land gesicht huet. Am Labo vu Ponts-et-Chaussées zu Bartreng kontrolléiere se d’Qualitéit vum Streesalz. An de Mister Science experimentéiert mat selwer produzéiertem Kachsalz.

E Labyrinth ënnert dem Buedem

Wéi riseg Maschinne sech all Dag méi déif an d’Streesalzmine zu Varangéville era friessen.

E Schatz am Buedem

Firwat en Däitschen zu Munneref no festem Salz gesicht huet.

Streng Kontroll am Labo

Firwat Streesalz net ze graff awer och net ze reng däerf sinn.

Explosioun mat Kachsalz

De Mister Science wëll säin eegent Kachsalz produzéieren.

Fotogalerie