Am Review, dem kritesche Kinomagazin, hunn de Joy Hoffmann an de Loïc Tanson zwee Filmer aus der Kinosaktualitéit ënnert d'Lupp geholl.

Am 5 fachen Oscar nominéierte Green Book vum Peter Farrelly an am Dreamworks Animatiounsfilm How to Train Your Dragon 3: The Hidden World dréit alles sech em d'Frëndschaft an Toleranz.

Film vun der Woch: "Green Book"

Wann an 3 Wochen d’Oscare bekannt ginn, sinn d’Chance relativ grouss dat « Green Book » bei de Gewënner dobäi ass. De Film ass a 5 Kategorien nominéiert, dorënner déi vum beschte Film a vun de beschte Schauspiller. « Green Book » spillt am Joer 1962, baséier op reelle Faiten an erzielt Geschicht vun enger a priori onméiglecher Frëndschaft.

Film vun der Woch: "Green Book"
Den Don Shirley, unerkannte Pianist, engagéiert den Tony Vallelonga ,Videur aus der Bronx, fir hien op enger Tournée an de Süde vun Amerika ze begleeden.

Den Don Shirley, unerkannte Pianist, engagéiert den Tony Vallelonga ,Videur aus der Bronx, fir hien op enger Tournée an de Süde vun Amerika ze begleeden. Dat déi 2 kaum Gemeinsamkeeten hunn, ass kloer, mee si brauchen een deen aneren an déi 6 Wochen déi se zesummen « on road » verbréngen, veränneren se allen 2.

« Green Book » lieft vun der Géintiwwerstellung vun deenen 2grondverschiddene Männer, allen 2 formidabel interpretéiert : sief et de Viggo Mortensen als ongehuwwelten awer treien Tony, dee sichtlech Spaass u senger Roll huet fir déi en eng etlech Kiloen zougeholl huet oder de Mahershala Ali, deen de raffinéierte schwaarzen Intellektuelle mat genee där richteger Portioun Arroganz a Snobismus spillt. Aus hirer Verschiddenheet këddelt de Regisseur déi vill gelonge witzeg Momenter eraus.

De Film prangert kloer Rassendiskriminatioun am Amerika vun de 60er un, och wann dat heiansdo net ouni Klischee gëtt. De Regisseur Peter Farelly, deen och um Zeenario matgeschriwwen huet, optéiert kloer fir e populäre Film, meilewäit ewech vu sengem leschte Film « Dumb and Dumber to », enger plomper Komedie. Mat Green Book erzielt hien d’Geschicht vun enger Frëndschaft, di och haut nach liest een amerikanesch Kritike fir Opreegung suergt.