Am Review vum 16. Februar stoungen 2 Filmer am Mëttelpunkt.

Zwee Filmer, déi sech ëm tragesch Libesgeschichten dréien, hunn d'Kinosaktualitéit dës Woch dominéiert. Am Review - Dem kritesche Kinosmagazin analyséieren de Loïc Tanson an de Claude Hastert dem Barry Jenkins säi Melodrama "If Beale Street Could Talk" an dem texanesche Realisateur Robert Rodriguez säi Science-Fiction Blockbuster "Alita: Battle Angel".