Am kritesche Kinosmagazin "Review" kommen dräi Filmer ënnert d'Lupp, déi zu Lëtzebuerg (mat)produzéiert goufen.

"Sawah" ass eng Lëtzebuerger Comédie vum Adolf El Assal iwwer en ägypteschen DJ, deen zu Lëtzebuerg hänke bleift.
"Angelo" ass eng éisterräichesch-lëtzebuergesch Co-Produktioun vum Markus Schleinzer, deen ronderëm den éischten afrikanesche Sklav dréit, deen op den éisterräicheschen Haff komm ass.
"Tel Aviv On Fire" vum palästinensesche Realisateur Sameh Zoabi ass eng Comédie mat politeschem Hannergrond. Et geet ëm de Salam, deen zu Jerusalem lieft an zu Ramallah bei enger populärer Telenovela schafft. Co-Productioun vu Samsa.

Doriwwer schwätzen de Joy Hoffmann an den Nico Simon.