De kritesche Kinosmagazin "Review" kënnt dës Woch vu Cannes.

Am Review Spezial, mëllen de Joy Hoffmann an de Loïc Tanson sech dës Woch vu Cannes vum 72ste Film Festival, wou souwuel de Ken Loach wéi och de Pedro Almodovar hir neist Wierker virgestallt hunn. Nieft "Sorry We Missed You" an "Dolor y Gloria", gëtt et och en Abléck an d'Kulissen vum Animatiounsfilm "Les Hirondelles de Kaboul", eng vu 4 Lëtzebuerger Co-Produktiounen, déi um Festival an de prestigiéise Niewesektiounen mat derbäi ass.