Dräi nei Filmer ënnert der Lupp.

Am "Review - dem kritesche Kinosmagazin" kucken de Loïc Tanson an de Claude Hastert op 3 Filmer zréck déi dës Woch nei ugelaf sinn:
« Toy Story 4 » schléisst déi erfollegräich Saga ëm déi revolutionär Pixar Animatiounsfilmer no 24 Joer of.
«Yesterday » ass e modernt Mäerchen, dat sech an enger Welt ofspillt wou et d’Musek vun The Beatles net gëtt, wärend deem « Brightburn » en Horrorthriller ass, dee staark vum Superman senger Geschicht inspiréiert gouf.