Zwee Blockbuster aus den USA an eng Erënnerung un e Lëtzebuerger Realisateur.

De Loïc Tanson an den Nico Simon schwätzen iwwer zwee Filmer aus den USA: dee 7te Film an der Rei vum Spannemann "Spiderman: Far from home" an en Dokumentar-Film iwwer d'Moundlandung viru 50 Joer "Apollo 11".

Ausserdeem gëtt et e Reportage iwwer de Pol Cruchten, de Lëtzebuerger Cinéast, deen am Alter vu 55 Joer gestuerwen ass.