Realisatioun : Anne Schiltz

D’Catriona ass viru 15 Méint aus England op Lëtzebuerg geplënnert fir seng berufflech Carrière unzefänken: Traductrice beim Europäesche Parlament um Kierchbierg. Säin Talent fir Sproochen, seng Léift fir Musek a seng aussergewéinlech Hobbyen hunn him gehollef, sech séier anzeliewen a seng Frënn ze iwwerraschen. Et huet ëmmerhin net jiddweree Schleeken als Hausdéieren!  D’Catriona fillt sech hei am Land richteg doheem. Mee de Brexit steet virun der Dier...

Iwwert d'Anne Schiltz

D'Anne Schiltz huet Visuell Anthropologie studéiert, a schafft zanterhier als Realisatrice vun Documentairen. Zu senge Filmer gehéieren "e futtballspill am schnéi – erënnerungen un de roger manderscheid" an "Cello Tales".  Fir déi éischt Saison vun der Serie "routwäissgro" huet hatt "Ni ze spéit" realiséiert – en Documentaire iwwert de Marcel, dee geléiert huet, trotz ville Schwieregkeeten net opzeginn.