Réalisatioun: Eric Lamhène

Den Helder Ferreira, genannt “Maka”, rappt zanter dass hien 12 Joer al ass, op lëtzebuergesch. Rap ass fir hien méi wéi just Musek. Et ass eng Form vun Expressioun déi et him erméiglecht dat wat hien erlieft huet, a wat aneschters schwéier ze erziele wier, trotzdem auszedrécken. Rap huet him d’Liewe gerett, méi wei eng Kéier. “Maka” begleet den Helder a sengem Alldag a gëtt eis en Abléck an d’facettëräich Welt vum Hip Hop zu Lëtzebuerg, awer och an d’Schicksal vun engem Aussesäiter a Rebell dee säi Wee mécht, egalwéi.

Iwwert den Eric Lamhène

Den Eric Lamhène (gebuer 1983) huet 2010 säin Ofschloss op der London Film School gemaach. Zënterhier huet hie véier Kuerzfilmer a lëtzebuergescher Sprooch gedréit: “Lauschter” (2010), “Flou” (2012), “Gëff Eens” (2013) a “Serena” (2014). Hien huet un der RTL-Sitcom “Comeback” matgeschriwwen an och bei véier Episode Regie gefouert. Hien huet zesumme mam Jacques Molitor deem säi Spillfilm “Mammejong” geschriwwen. Fir d’Serie “routwäissgro” huet hien d’Episoden “An engem anere Land”, “Eng staark Equipe” an “De Presi” realiséiert.