Réalisatioun: Charlotte Bruneau

D’Fatima ass 2011 zu Lëtzebuerg ukomm. Hatt fënnt séier eng Plaz beim Essentiel, d’Gratis-Zeitung zu Lëtzebuerg. Och wann seng Aarbecht als Journalist hatt begeeschtert, huet him eppes gefeelt fir sech zu Lëtzebuerg ganz doheem ze fillen: e soziaalt Engagement. Déi jonk Fra mat marokkanesche Wuerzelen decidéiert, sech fir de Planning Familial anzesetzen, eng Associatioun déi him während senger Jugend a Korsika vill gehollef huet. D’Fatima steet zu senger Weiblechkeet, ouni Komplexer an an der Mini-Jupe. Hatt wënscht sech manner Tabue ronderëm de Kierper vun der Fra a setzt sech duerfir géint d’Tamponssteier an. Fir seng Campagne wëll hatt kleng an humorvoll Clippen zum Thema dréinen, an deenen hatt sech a senger magescher Welt inszenéiert.

Iwwert d'Charlotte Bruneau

D’Charlotte Bruneau huet säin éischten Documentaire “Mila Tu” 2009 an Tansania realiséiert. Hatt huet Politik a Sprooche studéiert, a sammelt zënterhier Wieder, Téin a Biller aus aller Welt. Hatt huet dräi Joer am Libanon gewunnt an ass haut zu Berlin a Lëtzebuerg doheem. Hatt schafft als Freelance Journalist fir lëtzebuergesch an international Medien an huet eng Rei Doku-reportagë fir Al-Jazeera realiséiert. Zurzäit entwéckelt hatt en neie Feature Dokumentarfilm, “Inside Out”. “De roude Fuedem” ass seng éischte Realisatioun fir d’Serie “routwäissgro”.