Réalisatioun: Sandy Lorente

D’Orquidea ass 1971 op Lëtzebuerg komm. A Portugal war si Epicière, Néiesch a stoung Model an engem Atelier fir Haute Couture. Zu Lëtzebuerg war si Botzfra a Kächin, an huet missen fir hir Famill opkommen. Aus Gesondheetsgrënn ka si lo net méi autonom an hirem Appartement wunnen, a muss acceptéieren an en Altersheem ze goen. D’Ängschten, d’Regreten, an d’Souveniren déi si op dëser leschter Etapp begleeden, maachen hir d’Upassen un hiert neit Ëmfeld net einfach.

Iwwert d'Sandy Lorente

D’Sandy Lorente huet Kommunikatioun studéiert an huet als Journalistin bei RTL Télé Lëtzebuerg geschafft. Si huet de Film « IvoEva » 2005 realiséiert, an de Video-Danz Projet « LumaTik » 2008, créeiert a produzéiert. Enner anerem huet si Videoclippen, Publicitéiten an experimentell Videoen gedréint.