Réalisatioun: Rui Eduardo Abreu

Et wor eemol e jonkt Meedchen, dat wei eng Prinzessin, fest am Suedel duerch d’Liewe geridden ass. D’Celia ass Championne am Reitsport, an eng vun de beschte Kavaléierinnen aus senger Generatioun. Mat der Ënnerstëtzung vu sengen Elteren, dreemt et dovunner, enges Daages vlait nach mei wichteg Titelen ze erueweren. Ma och wa seng Dreem onendlech sinn, steet d’Zukunft virun der Dier.

Iwwert de Rui Eduardo Abreu

De Rui Eduardo Abreu ass gebuer 1981 a Portugal. No engem Studium an der Anthropologie huet hien zu Lussas op der Filmschoul e Master am Dokumentarfilm ofgeschloss. Während enger Rei Joren huet hien zu Paräis geschafft, wou hien Video-creatiounen fir den Theater realiséiert huet, a Cours'en an der "éducation à l'image" ginn huet. Zesumme mam Thierry Besseling a Loïc Tanson huet hien den Dokumentar-Spillfilm "Eldorado" realiséiert. De Film erzielt d'Geschicht, vun den Hoffnungen an Enttäuschungen déi 4 lusophonen Immigranten iwwert eng Period vun 3 Joer zu Lëtzebuerg erliewen. An der eischter Saison vu routwäissgro huet hien d’Episoden “Eng Familljesaach” an “Am Numm vum Papp” réaliseiert.