Réalisatioun: Claude Lahr

Am Bela sengem Liewen dréit sech alles em de Bowling. Hei gesäit hie seng Kollegen, déi Leit déi hie gär huet, seng eigentlech Famill. Am Championnat vun der Tuesday Night League komme ganz ënnerscheedlech Leit ronderëm hier gemeinsam Leidenschaft zesummen. Mee eigentlech wier et besser, de Bela géif aus gesondheetleche Grënn guer kee Bowling méi spillen. Säi Kiné hat hien och gefrot fir onbedéngt e puer Méint ze pausen. Lo waart hien ongedëlleg drop, fir endlech erëm kënnen unzefänken.

Iwwert de Claude Lahr

No sengem Studium op der INSAS (Institut Supérieur des Arts du Spectacle et Techniques de Diffusion) zu Bréissel huet de Claude Lahr während 10 Joër als Regieassistent geschafft ier hien mat der Realisatioun ugefaang huet. Zënter hier huet hien eng Rei Dokumentarfilmer realiséiert, déi mat der lëtzebuerger Geschicht zesummenhänken, wéi Stol, Heim ins Reich (Lëtzebuerger Filmpräis 2005), Die Meister des Windes, SES The Satellite Company, … an och Filmer iwwert verschidden Themen fir de Sender arte. Hien huet ausserdeem eng Rei Episoden fir d'Sitcom Weemseesdet a fir d'Serie routwäissgro realiséiert. Hien ass zënter 2006 President vum LARS (Lëtzebuerger Associatioun vun de Realisateuren a Scenaristen).