Réalisatioun: Rui Eduardo Abreu

De Benoît Grolet ass Spezialist a Sécherheets-froen. Hie gëtt Self-defence Couren a forméiert zukünfteg Bodyguards. Hien ass e Modell vu Selbstdisziplin: seng Fassung oder seng “ënner Kraaft” ze verléieren, kënnt net a Fro. Mee wat ee méi versicht säi Schicksal ze bestëmmen, wat dëst engem d’Liewen schéngt méi schwéier ze gestalten. Eng ongeheier Tragédie huet dem Benoît säi Liewe getraff, a stellt säi Glawen an de Sënn vu sengem Liewen a Fro.

Iwwert den Rui Eduardo Abreu

De Rui Eduardo Abreu ass gebuer 1981 a Portugal. No engem Studium an der Anthropologie huet hien zu Lussas op der Filmschoul e Master am Dokumentarfilm ofgeschloss. Während enger Rei Joren huet hien zu Paräis geschafft, wou hien Video-creatiounen fir den Theater realiséiert huet, a Cours'en an der "éducation à l'image" ginn huet. Zesumme mam Thierry Besseling a Loïc Tanson huet hien den Dokumentar-Spillfilm "Eldorado" realiséiert. De Film erzielt d'Geschicht, vun den Hoffnungen an Enttäuschungen déi 4 lusophonen Immigranten iwwert eng Period vun 3 Joer zu Lëtzebuerg erliewen. No den Episoden “Eng Familljesaach”, “Am Numm vum Papp” an "Et wor eemol", ass dëst dem Rui seng véiert Réalisatioun fir routwäissgro.