Réalisatioun: Karolina Markiewicz & Pascal Piron

De Laurent Zeimet ass zanter 2011 Buergermeeschter vu Beetebuerg, eng vun de Gemengen déi sech bereet erkläert hunn e Flüchtlingsheem ze bauen. Iert déi 60 nei Bewunner awer ukommen, muss de Laurent dëse Bau begleeden a mat senge Bierger beschwätzen. An Aarbechtsgespréicher mat senge Schëffen, méi privat mat de Bierger um Quetschefest, oder ganz formell op ëffentlechen Informatiounsversammlungen kritt de Laurent e Gefill fir d’Stëmmung a senger Gemeng. Wat sinn d’Erwaardungen, d’Ängschten an d’Meenungen vun de Leit iert d’Flüchtlingen zu Beetebuerg ukommen?

Iwwert d'Karolina Markiewicz an de Pascal Piron

D’Karolina Markiewicz schafft säit 2001 no sengem duebelen Master a Sciences Politiques/Philosophie an Theater a Frankräich an Däitschland, als Enseignante an als Kënschtlerin a Realisatrice zu Lëtzebuerg an am Ausland. De Pascal Piron huet Arts Visuels zu Stroossbuerg studéiert, a schafft säit 2007 als Enseignant a Kënschtler.

D’Karolina an de Pascal schaffe säit 2013 zesummen. An Ausstellungen, Theaterstécker an experimentelle Kuerzfilmer setzen si sech mat der “Condition humaine” auserneen, a konfrontéieren den eenzelen Mënsch mat ënnerschiddleche Facetten vun eiser historescher, politescher a kultureller Realitéit.

2015 hu si den Documentaire Mos Stellarium realiséiert, dee Portraiten vu 6 jonke Flüchtlingen zu Lëtzebuerg weist. Dëse Film gouf 2015 als Videoinstallatioun  am Kunstmuseum zu Vaduz an op der Biennale zu Venedeg selektionéiert a gewisen.