Réalisatioun: Loïc Tanson

“Off Air” gëtt en eemolegen Abléck an d’Kulisse vun der News-Redaktioun vun RTL, an den Deeg virun - an um nationale Wahldag vum 14ten Oktober 2018.  Wat leeft wann d'Kamera net leeft an d’Mikroen aus sinn? Wéi bereede sech d’Journalisten op esou eng grouss Live-Sendung vir? Vum Newsroom iwwer d'Regie bis an d'Schmink gëtt d’Spannung um Wahlowend ëmmer méi grouss, well eng Saach ass kloer: et gëtt knapp !

Iwwert de Loïc Tanson

De Loïc Tanson schléisst 2005 säi Studium um Institut Européen du Cinéma et de l’Audiovisuel a Frankräich of, éier hien zesummen mam Thierry Besseling 3 Kuerzfilmer («Laaf», «Le Faux Départ», «Sur le Fil») schreift a realiséiert. Zesummen mam Rui Eduardo Abreu a mam Thierry Besseling verfilmt hien d’Hoffnungen an d’Desillusioune vu véier portugiseschen Immigréierten iwwert eng Period vun dräi Joer zu Lëtzebuerg am Dokumentarfilm «Eldorado» deen 2016 an de Kinoen erauskoum. Am Ament, schreift de Loïc Tanson zesummen mam Dréibuchauteur Frédéric Zeimet an dem Poduzent Claude Waringo (Samsa Film) u sengem éischte Fictiouns Long-Métrage. Zënter 2008 ass de Loïc Tanson och als Filmkritiker op RTL Télé Lëtzebuerg aktiv an animéiert d’Emissioun «Review - De Kritesche Kinosmagazin».