Réalisatioun: Kim Schneider

De Jacques ass Réalisateur, an investéiert seng gesamten Energie, Zäit a Léift an d’Filmemaachen. Gedriwwen vu Perfektionismus, Determinatioun an enger gudder Portioun Humor, bréngt hien säin Univers Schrëtt fir Schrëtt, Film fir Film, an d’Welt. Wéivill Fiktioun stécht am Jacques a wéivill Jacques stécht a senge Filmer?

Iwwert d'Kim Schneider

No engem Sprooche-Studium zu Köln, huet d’Kim Schneider säi Wee 2011 an d’Lëtzebuerger Film- a Fernsehwelt fonnt. Si huet déi vum Lëtzebuerger Filmfong a vun RTL co-finanzéiert Sitcom “Comeback” mat entwéckelt a geschriwwen. D’Kim huet duerno a verschidden Departementer vum Film geschafft, an huet viru kuerzem säin éischten Kuerzfilm “And then you” realiséiert. "Jacques" ass säi fënneften Documentaire fir routwäissgro.