Réalisatioun: Catherine Richard

D'Claudine këmmert sech em d'Déieren am Parc Merveilleux, am Kader vun engem « atelier protégé ». Tëscht der Fleeg vun den Déieren, dem Austausch mat de Frëndinnen aus dem Park , an de gemeinsame Momenter mat de Schwësteren, ass dem Claudine säin Alldag gutt gefëllt. Hatt huet eng Leidenschaft fir Deieren entdeckt, seng Plaz an der Gesellschaft fonnt, an e Sënn fir säi Liewen. « D’Meedche mat den Déieren » deckt lues a lues déi verschidde Facetten vum Claudine op, eng jonk a beréierend Fra, e bësschen anescht, mee och guer net esou.

Iwwert d'Catherine Richard

No enger Maîtrise an « études cinématographiques et audiovisuelles » op der Sorbonne Nouvelle am Joer 1999, mécht d’Catherine Richard seng éischt Schrëtt am audiovisuelle Beräich als Dokumentalistin an a verschidden Departementer op Filmproduktiounen. 2002 gewënnt et den « Prix Kieslowski » fir d’Dréibuch vu sengem éischte Kuerzfilm « Laterna Magica ». Seng eklektesch Carrière als « Filmmacherin » ass lancéiert. Hatt corealiséiert säin éischten historeschen Dokumentarfilm « Ons Arméi » zesumme mam Tom Alesch, a realiséiert kuerz drop « Ëmmer bereet », dee sech mat der Geschicht vum Scoutissem zu Lëtzebuerg beschäftegt. D’Catherine interesséiert sech u Sujeten, déi mam Thema Migratioun ze dinn hunn, ënnert anerem d’Konfrontatioun vum Migrant mat sengem Adoptiv-Land . Fir déi zwou éischt Staffelen vu routwäissgro, huet hatt den « Ebrima am Pescatore » realiséiert, deen engem jonken aide-soignant aus Gambien an der Fondation Pescatore nogeet, an « Ech wëll bleiwen wien ech sinn » iwwert den Akbar, en indeschen Expat. Am Moment, bereet et e « long-métrage documentaire vir, « Ceux qui écoutent le monde ».