Réalisatioun: Anne Schiltz

Fir seng véier Meedercher géif d'Yvonne alles maachen. Hatt huet eng chronesch Krankheet, déi him wuertwiertlech den Otem hëlt, wann hatt senger Aarbecht als Botzfra nogeet. D'Adjany, säin zweet Meedchen, gëtt 18 Joer al. D'Yvonne mobiliséiert säi ganze kapverdianeschen Reseau a mécht alles fir senger Duechter een onvergiesslecht Gebuertsdagsfest ze offréieren. Generéis a couragéis, hält hatt dem Liewe Stand.


Iwwert d'Anne Schiltz

D'Anne Schiltz huet Sciences Sociales a Sciences Cognitives zu Bréissel studéiert an huet duerno dräi Joer als Coordinatrice fir d'Kulturhaaptstad Lëtzebuerg - Sibiu 2007 geschafft. Fir säin Doktorat an der Anthropologie schafft hatt iwwer Joren a Rumänien, wou hatt säin éischte Film Stam. Nous restons là (54', 2007) dréint. Dono realiséiert d'Anne Schiltz Charges Communes (84', 2011), Bureau de Chomâge (75', 2015) an Ceux qui restent (93', 2019), zesumme mam Charlotte Grégoire an Orangerie (54', 2013), mam Benoît Majerus. Mère Courage ass seng éischt Realisatioun fir d'Serie routwäissgro.