Réalisatioun: Eric Lamhène

D'Maria de Pentecostes ass eng jonk argentinesch Missionärin an d'Mère Supérieure vun den apostolesche Schwësteren vum Centre Spirituel du Cents. Si ass zanter enger Rei Joren zu Lëtzebuerg, wou si sech mat deenen anere Schwësteren ëm eng Congregatioun vu Gleewegen këmmert. Als Missionärin gesäit si hier Famill quasi ni, ëmsou méi frou ass si dass hier richteg Schwëster, d'Unidad, als kontemplativ Nonn mat hir am selwechten Klouschter lieft - och wa si just kënnen duerch e Gitter matenee kommunizéieren. "Schwësteren" ass eng Episod iwwert Famill, Léift a Sacrifice, déi en intime Bléck hannert d'Maueren vun engem Klouschter werft.


Iwwert den Eric Lamhène

Den Eric Lamhène (gebuer 1983) huet 2010 säin Ofschloss op der London Film School gemaach. Zënterhier huet hie véier Kuerzfilmer a lëtzebuergescher Sprooch gedréit: “Lauschter” (2010), “Flou” (2012), “Gëff Eens” (2013) a “Serena” (2014). Hien huet un der RTL-Sitcom “Comeback” matgeschriwwen an och bei véier Episode Regie gefouert. Hien huet zesumme mam Jacques Molitor deem säi Spillfilm “Mammejong” geschriwwen. Fir d’Serie “routwäissgro” huet hien d’Episoden “An engem anere Land”, “Eng staark Equipe”, “De Presi” a “Maka” realiséiert. Den Eric ass och Co-Scénariste vun der Krimi-Serie "De Bësch" (créateur: Thierry Faber) fir RTL, déi 2017-2018 geschriwwe gouf.