Réalisatioun: Max Jacoby

D’Summervakanz ass laang an d’Mahée langweilt sech. Mee zum Gléck si jo do seng Schwësteren mat deenen hatt spille kann. Just déi si vill méi al wéi hatt, an hunn net onbedéngt déi selwecht Interessen wei e siwen Joer aalt Kand. Mee d’Mahée hält sech drun wei de Geck un de Bengel. ‘D’Summervakanz’ ass e witzegen an touchanten Portrait vun engem klenge Meedchen wat versicht seng Plaz a senger Famille ze fannen.


Iwwert de Max Jacoby

De Max Jacoby huet ob der London Film School studéiert. Vu sénge Kuerzfilmer huet een e Präiss um Festival vu Venedeg gewonnen. Säin éischte Laangfilm DUST hat seng Première zu Busan a Korea. Am Oktober 2019 kënnt säin zweete Film, PEITRUSS, an d’lëtzebuerger Kinoen.

Routwäissgro: Episod “D’Summervakanz”
Am Routwäissgro vun e Sonndeg ass d‘Summervakanz nach eng Kéier en Thema. Dat klengt Mahe ass d'Haaptroll am nächste Episode.