Realisatioun: Yann Tonnar

Mat 3 Joer huet d'Nadia ugefaang Gei ze spillen. Eng natierlech Begabung féiert et derzou dass et haut, mat 14 Joer, méi frei wéi vill anerer, sech muss entscheeden ob et wëll eng professionell Carrière aschloen oder net. Wat dat mat sech bréngt, a wéi an ob et méiglech ass de schouleschen Alldag mam strenge Pensum vum Conservatoire ënnert een Hutt ze bréngen, weist d'Episod "Eng klassesch Erzéiung" vum Yann Tonnar. Een intime Portrait vun engem klenge Meedchen wat muss grouss Décisiounen huelen.

Iwwert de Yann Tonnar...

No engem MA Visual Culture op der Middlesex University zu London fänkt de Yann Tonnar seng professionell Carrière 1999 un als Reporter bei RTL Télé Lëtzebuerg. Hie mécht eng Rei Stagen zu Paräis an zu Berlin bei verschiddene Produktiounsfirmen, an eng Ausbildung op der New York Film Academy. 2003 etabléiert hie sech definitiv als onofhängege Réalisateur, a realiséiert zanterhier Dokumentarfilmer, dacks mat engem gesellschaftleche Bléck (Weilerbach, Schrebergaart, Mir wëllen net bleiwen), fleegt eng staark Verbindung souwuel zur Musékswelt (de Film De Bopebistro Tour mee och eng ganz Rei Videoclippen), zum Theater, an zur Konschtwelt (mam Film Atelier Luxembourg an als laangjärege Collaborateur vum Casino Luxembourg – forum d'art contemporain). Hien huet fir d'Serie Weemseesdet 2 Episode geschriwwen a realiséiert,  an ass den "creative producer" vun der Serie "routwäissgro". Hien ass Generalsekretär vum LARS, der Lëtzebuerger Associatioun vun de Réalisateuren a Scénaristen.