Réalisatioun: Catherine Richard

Den Ebrima ass e jonke Mann deen diskret, sensibel an intelligent ass. Hien ass 24 Joer al an huet gezwongenermoosse missten aus sengem Heemechtsland auswanderen. Elo ass hien Aide-Soignant am « Pescatore », eent vun deenen eelsten Altersheemer am Lëtzebuerger Land.
Hei begéint den Ebrima där Generatioun, déi e Lëtzebuerg kannt huet wat et guer net méi gëtt. Et ass och hei wou den Ebrima der Mme Dondelinger, enger 92-järeger Dame, bei hiren alldeeglechen Aktiounen hëlleft. Och wann d’Sprooch heiansdo verhënnert, datt déi zwee sech ganz verstinn, huet sech eng Bäihëllef zwëschen hinne gebilt. Sou gesinn huet si, genau wéi déi aner Pensionären aus dem Pescatore, och hiert « doheem » misste verloossen.

Iwwert d'Catherine Richard...

No hirer Maîtrise « études cinématographiques et audiovisuelles » op der Sorbonne Nouvelle am Joer 1999, mécht d’Catherine Richard seng éischt Schrëtt am audiovisuelle Beräich als Dokumentalistin, an a verschiddenen Departementer op Filmproduktiounen. 2002, gewënnt hatt de « Prix Kieslowski » fir d’Dréibuch vu sengem éischte Kuerzfilm « Laterna Magica ». Seng eklektesch Carrière als Cinéaste ass lancéiert. Hatt co-realiséiert säin éischten historeschen Dokumentarfilm « Ons Arméi » iwwert de Militärdéngscht zesumme mam Tom Alesch a realiséiert « Ëmmer bereet », deen sech mat der Geschicht vum Scoutismus zu Lëtzebuerg beschäftegt. Vun do un, gëtt hatt sech regelméisseg mat Sujeten iwwert Lëtzebuerg of a realiséiert Commandë vu kuerzen, historeschen Dokumentarfilmer.