Réalisatioun: Jean-Louis Schuller

Gefaangen am Däiwelskrees vun der Drogenofhängegkeet, geet de Petz an d’Entzéiungskur fir endgülteg säi Liewen ze änneren. “Wantermäerchen” zitt eis mat op engem Drogesüchtege säi Wee, voller Héichten an Déiften, dee versicht säi Liewen nees op d’Rei ze kréien a seng Vergaangenheet ze iwwerwannen.

Iwwert de Jean-Louis Schuller...

De Jean-Louis Schuller, zu Lëtzebuerg gebuer, ass e Realisateur a Kameramann.

Hie studéiert als éischt zu Bréissel op der IAD, wou hien de « Baccalauréat en Image » erhält, an duerno zu London op der National Film and Television School (NFTS), wou hien 2008 seng Maîtrise als « Directeur de la photographie » ofschléisst.

Säin Dokumentarfilm « High/Low » gewënnt de Präis vum « Beschten Dokumentarfilm » beim Filmpräis 2012 a säin « Chungking Dream » gouf um Filmfestival vu Clermont-Ferrand presentéiert a gehéiert haut zur Kollektioun vum MUDAM.