Réalisatioun: Kim Schneider

D’Chantal ass eng Mamm wéi se am Billerbuch steet: Et gëtt sech gekëmmert an gesuergt, organiséiert a geplangt. D’Chantal ass gezwongen eng Mamm aus der Distanz ze sinn: Seng Kanner sinn net bei him während der Woch, mee an engem Foyer an der Belsch. Trotz allen Ëmstänn huelen d’Chantal a seng Famille d’Liewen mat Humor an sou wéi et ass.

Iwwert d'Kim Schneider ...

No engem Sprooche-Studium zu Köln, huet d’Kim Schneider säi Wee 2011 an d’Lëtzebuerger Film- a Fernsehwelt fonnt. Si huet déi vum lëtzebuerger Filmfong a vun RTL co-finanzéiert Sitcom “Comeback” mat developpéiert a geschriwwen.

D’Kim huet duerno a verschiddenen Departementer vum Film geschafft, an ee Kuerzfilm geschriwwen. Si ass frou, mam “d’Chantal” hiren éischten, realiséierten Dokumentarfilm presentéieren ze däerfen.