Réalisatioun: Thierry Besseling a Loïc Tanson

De Jerry ass de Chef vun der Hondsstaffel vun der Croix Rouge an där hien sech zanter zwanzeg Joer asetzt fir mat Hënn Mënscheliewen ze retten. Eng Rei Véierbeener hunn den ofgehäerten Hondsmeeschter mat hirer kaler Trüffel ëmmer nees a sengen Aventurë begleet. Ma net all Mupp ass dem Jerry d’selwecht an Erënnerung bliwwen. D’Syrah, seng aktuell jonk Mudder, soll dem Jerry seng lescht « Schaff-maschinn » ginn. Ma de Wee zum austrainéierte Rettungshond ass laang an net ëmmer einfach.

Iwwert den Thierry Besseling a Loïc Tanson

Den Thierry Besseling an de Loïc Tanson schaffen zanter siwe Joer zesummen. 2010 realiséieren si zu Lëtzebuerg hiren éischte Kuerzfilm Laaf. Dräi Joer drop dréien si Le Faux Départ am Burkina Faso.

Si si momentan an der Postproduktioun vun engem Choralfilm, deen si zesumme mam Rui Abreu realiséiert hunn, an an deem d’Hoffnungen an d’Desillusioune vu véier portugiseschen Immigréierten iwwert eng Period vun dräi Joer zu Lëtzebuerg dokumentéiert ginn.

Dëst Joer wäerten si hiren drëtte Kuerzfilm Sur Le Fil dréien.