Réalisatioun: Jacques Molitor

De Jean-Benoît ass Franzous, 35 Joer al, hie wunnt a schafft zu Lëtzebuerg - e Land wou hien d’Sprooch kaum versteet. Hie war deemools heihikomm wéinst der Léift, mä dës Bezéiung ass an d’Bréch gaang. Elo ass de J-B erëm op der Sich no enger Persoun mat där hie säi Liewen deele kann. Des Sich gëtt awer doduerch erschwéiert, datt hie säit 11 Joer HIV-positiv ass. Dovun ofgesinn, datt hien all Dag muss Medikamenter schlécken, schued de Virus him méi duerch falsch Scholdgefiller an de Stigma deen hien am Alldag erlieft, wéi duerch kierperlech Symptomer.

De J-B ass effektiv “indetektabel”, wat heescht datt säi Kierper de Virus gutt am Grëff huet an hien och net méi kann aner Leit ustiechen. Duerch säin Asaz an der HIV-Preventioun huet hien eng Méiglechkeet fonnt fir seng Erliefnësser mat anere Leit ze deelen an esou säin Ongléck ze notzen fir Guddes ze dinn. “Friem Kierper” ass e Film iwwert e Mann dee refuséiert, sech vun der Angscht dominéieren ze loossen.

Iwwert de Jacques Molitor

De Jacques Molitor (gebuer 1980) schléisst 2005 säi Studium als Realisateur um Institut des Arts de Diffusion (IAD) an der Belge of.

Säi Kuerzfilm En compagnie de la poussière gëtt 2008 ënner anerem fir de prestigiéise Locarno Film Festival selectionéiert.

Zënterhier huet de Jacques Molitor e weidere Kuerzfilm (Bonobo), en Documentaire fir de Kino (Sweetheart Come) an de Spillfilm Mammejong erausbruecht - Filmer, déi sech oft mat zerstéieresche Bezéiunge befaassen.

Niewebäi huet hien eng Zäit fräiberufflech fir RTL geschafft (Zinemag) an eng Serie Videoclippen an Danzvideoe realiséiert. Ausserdeem huet de Jacques zesumme mam Govinda Van Maele ënnert dem Numm “Cinélunatique” eng Rëtsch Projektiounen an der Stater Cinémathéik organiséiert.