Réalisatioun: Laura Schroeder

Marteleng, eng Geeschterstad am Norde vum Land, an zwee geschnidden duerch d’Grenz mat der Belsch. Alkohol, Wäin, Tubak, Benzin, zu lëtzebuerger Präisser!

De Christian Degraux, Direkter vun där Firma, där zu Marteleng bal all d’Geschäfter gehéieren, hëlt eis mat a seng Welt: tëschent Lëtzebuerg an der Belsch, senger Aarbecht a sengem Privatliewen, Fueren a Plënneren ouni Enn, an der Ouverture vun engem neie Restaurant, wat ass de Präis, deen ee bezuele muss, wann een net méi drénkt, do wou alles sech ëm den Alkohol dréint?

Iwwert d'Laura Schroeder

No Studien zu Paräis an zu London, schreift a realiséiert d’Laura zwee Kuerzfilmer, Senteurs (2008) an Double Saut (2011), déi allen zwee a villen internationale Festivale gewise ginn. 2009 creéiert d’Laura Luxtime – Jacques Tati revisited am Théâtre National du Luxembourg.

D’Stéck gëtt och um Festival zu Avignon gewisen. 2012 dréint hatt säin éischte lange Film, Schatzritter – An d’Geheimnis vum Melusina, souwéi zwou Folge fir d’Sitcom Comeback. Am Moment preparéiert hatt de Film Barrage, deen hatt mat der franséischer Schrëftstellerin Marie Nimier zesumme geschriwwen huet, an di nächst Mise-en-Scène am Theater, Das Ding aus dem Meer, vum Rebekka Kricheldorf (Januar 2016).