Réalisatioun: Julie Schroell

Den David ass e jonke Papp an der Scheedung a schafft am Recyclingscenter zu Schëffleng. All Dag kommen hei honnerte vu Leit mam Auto voller Schrott. Den David a seng Kollege regelen de Buttek, si passen op dass der Norm no recycléiert gëtt.

"Këmmer dech em däin Dreck" weist déi verschiddenst Personnagen déi an dësem lëtzebuerger Mikrokosmos zesummekommen an déi zum Deel witzeg, zum Deel serieux Situatiounen déi bei dëse Konfrontatiounen entstinn.

Iwwert d'Julie Schroell

D’Julie Schroell huet zu Bréissel Geschicht a Film studéiert a schafft als Realisatrice a Kënschtlerin zu Berlin an zu Lëtzebuerg. Si huet zwee Dokumentarfilmer realiséiert, “E stoarkt Stéck Minett - 100 Joer Jeunesse Esch” ass 2007 erauskomm an huet de Präis vun der beschter Photographie um Festival “Mémorimages” a Spuenie gewonnen.

Duerno huet si “De Bauereblues” realiséiert deen op verschiddene Festivale gewise gouf. D’Julie huet ausserdeem eng Rei institutionell Filmer a Videoclippe realiséiert, ënnert anerem fir “De Läb” a “Say Yes Dog”.

D’lescht Joer huet si hiren éischte Fiktiounskuerzfilm, de “Mister Rocket” gedréit. Si schafft och am Beräich Videokonscht fir den Theater zu Berlin an zu Lëtzebuerg. 2014 huet si zesumme mam Charlotte Bruneau d’Firma “Loufok Productions” gegrënnt, déi ënnert anerem hiren zweeten Dokumentarfilm fir Al Jazeera produzéiert.