Réalisatioun: Yann Tonnar

Et ass erëm Péngschten, hallef Lëtzebuerg sëtzt op der Päischtcroisière an tuckert iwwert d'Mëttelmier. De Chris an d'Christiane sinn och derbäi. De Chris ass der 21, un de Rollstull gebonnen a ganz op seng Mamm ugewisen fir sech z'ernieren, sech fortzebewegen, oder ze kommunizéieren. Dat hënnert si awer net drun, sech gutt z’ameséieren. "Endlech Vakanz" erzielt d’Geschicht vun deem wat si op der Päischtcroisière erlieft hunn.

Iwwert de Yann Tonnar

No engem MA Visual Culture op der Middlesex University zu London fänkt de Yann Tonnar seng professionell Carrière 1999 un als Reporter bei RTL Télé Lëtzebuerg. Hie mëcht eng Rei Stagen zu Paräis an zu Berlin bei verschiddene Produktiounsfirmen, an eng Ausbildung op der New York Film Academy.

2003 etabléiert hien sech definitiv als onofhängege Réalisateur, a realiséiert zanterhier Dokumentarfilmer, oft mat engem gesellschaftleche Bléck (Weilerbach, Schrebergaart, Mir wëllen net bleiwen), fleegt eng staark Verbindung souwuel zur Musekswelt (de Film De Bopebistro Tour mee och eng ganz Rei Videoclippen), zum Theater, an zur Konschtwelt (mam Film Atelier Luxembourg an als laangjärege Collaborateur vum Casino Luxembourg – forum d'art contemporain).

Hien huet fir d'Serie Weemseesdet 2 Episode geschriwwen a realiséiert, an ass den "creative producer" vun der Serie "routwäissgro". Hien ass Generalsekretär vum LARS, der Lëtzebuerger Associatioun vun de Realisateuren a Scénaristen.