Réalisatioun: Jean-Louis Schuller

“D’Kierch am Duerf” zeechent de Portrait vum Här Paschtouer am Duerf, deen d’Diskussioun ëm d’Trennung vu Kierch a Staat vun der grousser politescher Bühn erof op d’Por an de Staminet hëlt. Beim Owespatt am Duerfbistro treffen esou Traditioun a Glawen op Modernitéit a Skepsis. “Si mir nach, wat mir woren?”, freet de Paschtouer an der Mass. Wouhi soll et goen, mat der kathoulescher Kierch? Den Här Paschtouer, deen och net méi all d’Äntwerten huet, stellt net just dës Froen, mä lieft se mat senge Leit.

Iwwert de Jean-Louis Schuller

De Jean-Louis Schuller, zu Lëtzebuerg gebuer, ass e Realisateur a Kameramann. Hie studéiert als éischt zu Bréissel op der IAD, wou hien de « Baccalauréat en Image » erhält, an duerno zu London op der National Film and Television School (NFTS), wou hien 2008 seng Maîtrise als « Directeur de la photographie » ofschléisst. Säin Dokumentarfilm « High/Low » gewënnt de Präis vum « Beschten Dokumentarfilm » beim Filmpräis 2012 a säin « Chungking Dream » gouf um Filmfestival vu Clermont-Ferrand presentéiert a gehéiert haut zur Kollektioun vum MUDAM.