Réalisatioun: Kim Schneider

D’Roxann, 18 Joer al, hat schonn ëmmer den Dram Wäikinnigin ze ginn. No véier Joer Wäiprinzessin sinn, ass et endlech souwäit: Am September gëtt d’Roxann um 66. Maacher Drauwen- a Wäifest gekréint. D’Virbereedunge fir dee grousse Moment lafen op Héichtouren: Eng nei Kroun gëtt gemaach, een neie Rack gëtt kaf, den Danz an d’Kréinung gi geprouwt… ier de groussen Owend dann endlech do ass. Prost!

Iwwert d'Kim Schneider

No engem Sprooche-Studium zu Köln, huet d’Kim Schneider säi Wee 2011 an d’Lëtzebuerger Film- a Fernsehwelt fonnt. Si huet déi vum lëtzebuerger Filmfong a vun RTL co-finanzéiert Sitcom “Comeback” mat developpéiert a geschriwwen. D’Kim huet duerno a verschiddenen Departementer vum Film geschafft, an ee Kuerzfilm geschriwwen. "Den Dram vun der Kinnigin" ass hieren zweeten Documentaire fir routwäissgro.